Filterkaffi

Si setzen ob kalen aluminiums Still an engem Appartement an der neier Cité um Belair. Den Niwwel hänkt déif iwwert dem Kierchtuerm. Et richt no Filterkaffi.

Papp/ Ech si frou dech mol erëm ze gesinn. Du kenns jo net oft erof!

Bouf/ Ech hunn vill ze dinn.

Papp/ Du hues keng Loscht heem ze kommen? 

Bouf/ Et huet kee Sënn. Et ass ëmmer deen selwechten Depart an dat selwecht Ukommen. Déi Aner si jo och all net do.

Papp/ :Ech sinn do! An d’Mamm.

Bouf/ Jo an de Juncker, deen ass och ëmmer do. 

P/ Wat sees de dann hei zu menger neier Wunneng?

B/ Nei.Kal.Belair…

P/ Ech hunn eng al Plack fonnt wou ech den Keller geraumt hunn: Country Joe and the Fish, eng vun mengen éischten.

B/  Ech wärt ma et ulauschteren

P/ Um weivill Auer ass dat Virstellungsgespréich, net dass de ze spéid fort fiers? An der Staat ass méi Traffik. 

B/ Um 10. Bis ob den Kierchbierg misst schnell goen. Wann ech ze spéid kommen ass och net schlëm, ech hätt mech do souwisou ni solle mellen!

P/ Quatsch. Du kanns hei net éiweg mat ideologesche Bedenke kommen. Mir wollten och heroesch Kanner sinn. Verzweifelt. Ech weess et elo. Ech sinn al ginn. Ideologien bréngen dech och net wäit.

B/ Méi wäit ewéi den RTL hoffen ech .

P/ Ech wollt och léiwer an Amerika. Am Liewe muss en eben heiansdo Entscheedungen treffen. Mir hunn vergiess de Jonke bäizebrénge wat et heescht responsabel ze sinn.

B/ Léiwer kiffe ewéi wielen oder wat? 

P/ Dat well ech elo net behaapten. Ech gesinn dat méi nuancéiert: Vir dech ass alles  gudd gelaaf bis elo, eng flott Jugend,deng Premiere an d’Suen vum CEDIES . An da gees de an d’Ausland an du léist dech net méi blécken . Dat mengen ech mat Responsabilitéit. Däin Land,Lëtzebuerg. Wat mécht Lëtzebuerg ouni seng Jugend? 

B/ Et geet net ëm Lëtzebuerg. Et geet net ëm Plaatz. Plaatz ass nëmmen Erënnerung; Nostalgie. Et geet ëm de Projet, net em een eenzelen. 

P/ Den Alter gläicht sech, gläicht sech Jugend?

B/ Si well sech net gläichen. Si well net di selwecht Schong, net dee selwechten Erasmus, net di selwecht Vakanz; Individuell a fräi.  Dobäi versti ma net dat dat alles nëmme kënschtlech ass. Et ass een Oflenkungsmanöver vir eis roueg ze stellen; eis als net existent ze erklären. Dir stellt Konditioune vir d’Jugend.

P/ Den Alter ass d’Konditioun vir d’Jugend!

B/ Jo, a leider och der Jugend hier Legitimatioun. Kuckt iech dach emol un. Dir wëllt dach selwer all Jonk bleiwen: neit Haus, nei Fra ,neit Liewen. Et muss ee jo nach 30 Joer packen. Wisou och opginn. Den Dr. Freitas ka jo en Stent setze wann d’Häerz wéi deet. An vir de Vull gëtt et och eppes. Den Alter gëtt eng zweet Jugend a mir verschwenden Zäit domat ze versichen Erwuessen ze ginn. 

P/ Wann Medezin et erlaabt wisou solle ma dann net profitéieren. Mir schaffe genuch vir eis Pensioun dann wëlle mir déi och gesonnt genéissen. 

B/ Enhancement hunn se dat ob der Uni genannt. An herno stieche ma iech awer an en Altersheem a kucken dat der net zevill Knascht mat. Wahrscheinlech maachen haut Pavésteng keng Angscht méi,an och keng Rieden; just den Alter an den Doud. 

De Papp steet ob an hellt de Kaffisbiz vun der Gasplack. Déif schwaarze Kaffi fléist. Damp. 

P/ D’Jugend ass net existent, si huet keen ëffentlech Gesiicht , verschwënnt an donkelen Ecken, klamert sech un Liberaliséierung an Transparenz. Si hält sech vir Piraten, déi einfach kommen an erëm weiderfueren. Ëmmer mam Wand.

B/ Mir drénken a schwätze wéineg iwwer Politik. An dir hutt gedronk an iwwer Politik geschwat. Eraus komm dat selwecht. Aarbecht , Suen an de Klassekampf. Do huet 68 näischt drun geännert an d’Piraten och net. Vergiesse musse ma dat alles an eis als Jugend verstoen, als Jugend positionéieren. Dofir brauche ma keng Lektioune vun decke Leit mat rouden Nuesen a bloe Krawatten.

Eng Paus. Si kucken eraus. Den Niwwel léist sech op.

 

P/ Du hues besser du fiers elo. Soss kenns de ze spéid.

Si stinn op. Hien drénk seng Tas eidel.Den Kaffi ass kaal.Hien geet bei Dier.

B/ Mir gesinn eis geschwënn. 2014 spéitstens.

Advertisements

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out /  Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out /  Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out /  Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out /  Change )

Connecting to %s